"GinterMezzo"

Al Ginter Show Concert

26. a 27. November 2010 am Conservatoire vun der Stad

 

 

 

 

 

Carlo Hartmann

Boris Dinev

Musique Militaire Grand-Ducale

Dir. Capt. Jean-Marie Thoss

Yannchen Hoffmann

 

 

 

Hei nach e puer Reaktiounen nom Concert:

... waaren den freideg owend am concervatoire an begeeschtert vum variete an den heichen niveau vun de musiker,sanger an de ganzen programm Solch initiativen brengen culture a konscht zum liewen an ass e bereicherung fir grouss a dei kleng ! L.B.

 
Nach eng Keier all Félicitatiounen fir den leschten Samsdeg, den 1. Gintermezzo  war voll gelongen... J-P G
 

... villméi wollt ech mech bedanken fir deen interessanten an inspiréirende Spektakel vun leschtemFreideg. Wéi "Nenn se beim Numm" klengt sin ech do gewuer gin. Dat wor eng
beandrockend an witzech Prestatioun, déi gud eriwer komm ass. Méngem Jong huet de Concert esou gud gefall dass hien deen Dag drop nach eng Kéier wollt kommen, wat mir dun gemach hun. Hien as am Gang sech z'iwerleen, ob
hienPercussioun soll léiren. As dat net immens, wéi eng Tragweite esou eng
Leeschtung an déi ganz Arbecht déi dir iech gemach hud kann hun T.P.

Ech muss soen mir hunn e super Owend erliewt. All Respekt. et war
genial. du bass immens sympathesch riwwer komm, a virun allem immens
kompetent. eis éierlech felicitatiounen M.A. P.

Wollt dir just fir de ?Gintermezzo“ felicitéieren. War genial !! A.
 
Vu ganzem Häerz a voller Begeeschterung well ech der felicitéieren fir dee fantasteschen Owend deen ech haut erliewt hunn. Ech muss soen was du an deng Gäscht den Owend
presentéiert hutt, war Extraklass! Ech ka mer virstellen, dass do eng onheemlech Aarbecht dohannert stécht , awer et huet sech gelount. Deng vielsäiteg Facetten hu mech impressionnéiert an ech wënschen der op deem ageschloene Wee nach all deen Erfolleg deens de verdéngst. M.

Heh, Al !! E flotten Concert mat engem ofwiesslungsreichen Programm-eng super Show-fantastesch!-aller Respekt!-ech war begeeschtert!!!!.N.