De Geescht oder d’Mumm Séis


(Dezember 2023 am Groussen Theater an der Stad)


vum Samuel Hamen (Text) an Ivan Boumans (Musek), am Dialog mam Dicks sengem Koméidisstéck D’Mumm Séis oder De Geescht, an der Inzenéierung vum Jacques Schiltz


Gëtt et se, déi gutt al Zäit? An dëser Kreatioun fir Jonk an Al, déi un den 200. Anniversaire vum Edmond de la Fontaine (Dicks genannt) erënnert, vermësche sech d’Vergaangenheet an d’Géigewaart. D’Geschicht rondrëm d’Mumm Séis, déi den Dicks a senger bekanntester Operett verzielt, gëtt vum Samuel Hamen weidergeschriwwen. Der Mumm Séis hiert Haus a Clausen steet nach ëmmer a soll verkaaft ginn. Ma de Geescht, beim Dicks just erfonnt, gëtt et wierklech. Fir sengem Spuk en Enn ze maachen, muss dʼIerwin vum Haus an hiren Agent immobilier duerch d’Zäit reesen,nzeréck an dʼOriginal-Handlung vum Koméidisstéck.


An dëser lëtzebuergescher Produktioun vun de Stater Theateren mat enger grousser Besetzung, mat dem Orchestre de Chambre du Luxembourg a mat engem Chouer treffen Traditioun a Modernitéit, Nostalgie an Ironie, Operett an zäitgenëssesch Ënnerhalung openeen.


Mam Jean Bermes, Catherine Elsen, Al Ginter, Marie-Christiane Nishimwe, Adrien Papritz, Anouk

Wagener, Timo Wagner, Jules Werner


Text: Samuel Hamen an Dicks

Musek: Ivan Boumans an Dicks

Regie: Jacques Schiltz

Dramaturgie: Claire Wagener

Bün: Marie-Luce Theis

Kostüm: Michèle Tonteling

Regieassistenz: Sara Goerres

Sproochlech Reflexioun (Dicksioun): Nadine Ewerling

 ©Boshua

 ©Boshua

 ©Boshua

 ©Boshua

©Jeannine Unsen

©Jeannine Unsen

©Jeannine Unsen

©Jeannine Unsen

©Jeannine Unsen

©Jeannine Unsen