De Geescht oder D’Mumm Séis


vum Samuel Hamen (Text) an Ivan Boumans (Musek), am Dialog mam Dicks sengem Koméidisstéck D’Mumm Séis oder De Geescht, an der Inzenéierung vum Jacques Schiltz,


Première e Sonndeg, de 17. Dezember 2023 ëm 20.00 Auer am Groussen Theater (1, rond-point Schuman, L-2525 Luxembourg).

Weider Virstellungen den 19., 20., 21., 22. & 23. Dezember ëm 20.00 Auer.


Op Lëtzebuergesch – avec surtitres français – with English surtitles

Informatiounen & Reservatiounen: +352 4796 3900 / lestheatres@vdl.lu


Gëtt et se, déi gutt al Zäit? An dëser Kreatioun fir Jonk an Al, déi un den 200. Anniversaire vum Edmond de la Fontaine (Dicks genannt) erënnert, vermësche sech d’Vergaangenheet an d’Géigewaart. D’Geschicht rondrëm d’Mumm Séis, déi den Dicks a senger bekanntester Operett verzielt, gëtt vum Samuel Hamen weidergeschriwwen. Der Mumm Séis hiert Haus a Clausen steet nach ëmmer a soll verkaaft ginn. Ma de Geescht, beim Dicks just erfonnt, gëtt et wierklech. Fir sengem Spuk en Enn ze maachen, muss dʼIerwin vum Haus an hiren Agent immobilier duerch d’Zäit reesen,nzeréck an dʼOriginal-Handlung vum Koméidisstéck.


An dëser lëtzebuergescher Produktioun vun de Stater Theateren mat enger grousser Besetzung, mat dem Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Fosse an an Zesummenaarbecht mat dem INECC

an der Sequenda asbl, treffen Traditioun a Modernitéit, Nostalgie an Ironie, Operett an zäitgenëssesch Ënnerhalung openeen.

Mam Jean Bermes, Catherine Elsen, Al Ginter, Marie-Christiane Nishimwe, Adrien Papritz, Anouk

Wagener, Timo Wagner, Jules Werner

Text Samuel Hamen an Dicks

Musek Ivan Boumans an Dicks

Regie Jacques Schiltz

Dramaturgie Claire Wagener

Bün Marie-Luce Theis

Kostüm Michèle Tonteling

Regieassistenz Sara Goerres

Sproochlech Reflexioun (Dicksioun) Nadine Ewerling

Orchester Orchestre de Chambre du Luxembourg

An Zesummenaarbecht mam Institut Européen de Chant Choral (INECC) & Sequenda asbl

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg




Ganz renzent

Zu Münster (D) den 3.11.2023 

Denn aus diesen besteht das Liedermacher Programm von Tanja Silcher. 2018 hat die Kontrabassistin angefangen, ihre mutigen Gedanken in eigene Lieder mit deutschen Texten zu packen. Daraus entstand ein facettenreiches Repertoire das es in sich hat. Zeitweilen sind die Texte frech, provokant oder ironisch. Dennoch gibt es auch Momente von fragiler Träumerei und kernigem Humor.


Mit Benedikt Schweigstill am Akkordeon und Al Ginter an Percussion und Gesang hat die Künstlerin zwei hochkarätige Musiker im Gepäck, die auf künstlerisch anspruchsvollem Niveau unterhalten. Die musikalische Darbietung gepaart mit den charmanten Ansagen der Liedermacherin versprechen einen

spannenden und abwechslungsreichen Abend voller mutiger Gedanken.


Besetzung:

Tanja Silcher, Kontrabass, Gesang, Gitarre

Al Ginter, Percussion, Gesang

Benedikt Schweigstill, Akkordeon



Op youtube ënner Tanja Silcher fann dir  nach vill aner Museksvideoen vum Tanja Silcher


Woyzeck

E ganzt interessant Theaterstéck vum Kaleidoskop Theater wat zu Beetebuerg am Schlass gespillt gouf. An deem Stéck hunn ech d'Musek gemach a d'Roll vum Andres gespillt, dem Woyzeck säi Frënd.

Opféierunge waren: 27.01/28.01/ 30.01/03.02/04.02/05.02/30.01 


Foto: Roland Jakobi

Dësen Optrëtt war den 10. Juni 2023


 Grand Auditorium vun der Philharmonie

«D’Joffer Marie-Madeleine, frësch verléift»

Eng musikalesch Geschicht − nei erzielt!

Foto: © Eric Engels

Harmonie Municipale Esch-sur-Alzette (Escher Stadmusek)  

Direktioun: Jean Thill 

mat de Solisten: 

Gaby Wolter-Boever Sopran 

Yannchen Hoffmann Mezzo-Sopran 

Fernand Delosch, Al Ginter Tenor 

Carlo Hartmann Baryton


Wie kennt se net? Wien huet net scho mat hinne gedreemt, gelaacht oder och emol eng Tréin an d’A kritt? Mat de wonnerschéine Melodien aus de Fiedere vu Lehar, Dicks, Offenbach, Beicht, Benatzky, Stolz an aneren. 

Loosst iech entféieren an d’Dramwelt vun der Operett a begéint de Figuren aus dem Vogelhändler, Carmen, der Mum Séiss, der Lustigen Witwe, dem Scholdschäin an aus aneren däitschen a lëtzebuergesche Wierker.

Verbréngt en onvergiesslechen Owend mat bekannte Figuren aus der Däitscher an der Lëtzebuerger Operettewelt.

Daucht an an d’Geschicht vum Marie-Madeleine, begleet hatt op der Sich no sengem Gléck a freet iech op en onerwaartent Happy-end.


E Concert mat zeenischen Iwwergäng mat enger Auswiel vun bekannten Operettenevergreens : «Ja das Studium der Weiber ist schwer», «Lippen schweigen», «Da geh’ ich ins Maxim»,.... an awer och Lëtzebuerger Lidder wéi: «Et gi vill schéi Rousen», «Gëff mer eng Beess», «Marie-Madeleine»,... Dobäi geselle sech déi eng oder aaner reng instrumental Stécker, Ouvertüren oder Interlüden.

Tickeeën: philharmonie.lu


Foto: © Eric Engels
Foto: © Eric Engels