Oper

Carmen

D'Botzequipe vum Theater ass just nach am Gaang e puer lescht Stëpskäre vun der Bün ze wëschen, wéi d'Direktesch erakënnt an dem Publikum matdeelt, datt d'Oper - wéinst enger Grippenepidemie ënner dem Sängerensemble - net gespillt ka ginn.

Verschidde Spectateure reege sech verständlecherweis op a wëllen hir Suen zeréck. Obwuel d'Chefin vun der Botzfirma ubitt, d'Virstellung mat hirer Equipe ze retten („Oper kann dach net esou schwéier sinn...“), deelt d'Theaterdirektesch mat, datt zousätzlech och nach den Orchester am Streik ass!

Glécklecherweis ass vum Kannertheater virmëttes, esou eng Aart Dréiuergel op der Bühn stoe bliwwen an engem genësserlechen Operenowend steet also näischt méi am Wee.

Et fänkt bombastesch un, ewéi am Original an hält tragesch op: zwee Doudeger (d'Carmen an de Stéier) an e ganze Koup séilesch schwéier Blesséierter.

Dir erlieft d'Versioun vun der Opéra du Trottoir an de Kostümer vum Yannchen Hoffmann, mam Bühnebild an der Inzeenéierung vum Carlo Hartmann.