Den Theatre National du Luxembourg

presentéiert:


KANNIKÜLL


e Kaméidistéck vum Guy Rewenig

Uropféierung: 03.03.2007: am Théâtre National du Luxembourg

Et hu gespillt:

Nelly Nothum "Ornella Zaranotti": Yannchen Hoffmann

Carlo Miller : Carlo Hartmann

Ali Reckinger : Al Ginter

Regie: Christiane Rausch, Co-Regie: Daniel Texter

Bühn a Kostümer: Katharina Polheim, Musek: René Nuss,


Zwee Männer an engem Altersheem probéieren, mat feste Ritualer nach e bësse Liewensqualitéit erauszeschloen. Da fällt op eemol eng Frau vum Himmel, déi denen zwee esou de Kapp verdréint, datt hir Häerzer nach eng Kéier richteg zolitt ufänken ze brennen. Déi ganz Geschicht ass fir sech dout ze laachen, wuertwiertlech.

De Guy Rewenig léisst d'Stéck am fitness room vum Altersheem spillen, op där Plaz, wou d'Illusioune besonnesch kräfteg glënneren.Säin Text Kanniküll ass zwar voller (verzweiwelter) Komik, awer hie schafft donieft och dee batteren Hannergrond eraus: den Zerfall vun allen Dreem, den Doud als Perspektiv, déi lescht Revolt géint d'Evidenz vum Liewesenn. Et gëtt vill ze laachen an dësem Kaméidistéck. Dat Laachen ass eben de Privileg vun eis alleguer, wa groteskerweis den Doud an d'Haus steet.