Ginta Fiesta Orchesta

Wann de “Ginta Fiesta Orchesta” opgespillt huet, dann housch et matsangen, matdanzen oder einfach nëmmen nolauschteren a sech ameséieren.

Eng lëtzebuergesch Traditiounsband, déi Ufank den 80er Joren als "Jang Linster Orchester" an der Fuesend, a virun allem zu Echternoach op der RTL Fiesta all Joer mat groussem Erfolleg ogetratt ass. De Jang Linster hat de Grondsteen zu dëser Formatioun viru méi wéi 20 Joer geluecht an duerfir ass et kee Wonner, datt am Repertoire vill erfollegräich Produktiounen aus dem Fréisenger Studio ze fanne waren.

Awer net nëmmen, och nei Arrangementer stoungen um Programm. Duerfir war d’Band säit ville Joren um Rendez-vous op der Eechternoacher Foasicht (RTL Fiesta). Am Ufank war de Fausti de Sänger vum Jang Linster Orchester, awer 2008 koum et dunn zum Wiessel wéi de Fausti an och de Jang Linster net méi matgespillt hunn. D'Band gouf ënnert dem Impuls vum Jos Schockmel weidergefouert. E puer Joer méi spéit huet den Al Ginter als Sänger a Perkussionist dës Stëmmungsband ënnert dem Numm "Ginta Fiesta Orchesta" iwwerholl an eréischt laang Joeren duerno 2017 definitiv ogehalen.